Synthie-Session zu Betzder am Koustall

Elektronesch Musek fräi improviséiert


Samschden, 6. Juni 2009 zu Betzder Stall Ansicht


De Gast an divers Synthesisten invitéieren op eng Session mat musique planante, live gespillt mat Synthesizeren, Gitar a Flute, am neien Koustall vun der Famill Weydert zu Betzder, an der Laach, niewent der Velospist.
Am spéiden Nomëtteg wärte mer ufänken, mee mir sin och schons éischter do fir opzeriichten an de Soundcheck.

Ett gëtt Musek am Genre "Berliner Schule", fräi improviséiert, an onmoosseg laang Stécker. Mir hun eng anstänneg Beschallung, ouni natiirlech Kaméidi ze maachen.

Ausser Musek gëtt näischt gebueden!
Gedrénks kann een mattbréngen, Entrée libre, just cool floating music, mat stimuléierender Beliichtung a psychedeleschen Projektiounen.

Parking niwendrun, gezeechent. Gepolstert Liegeflächen fir de Publikum. Open End.

Session_Betzder_2009 Foto Session_Betzder_2009 Foto
Session_Betzder_2009 Foto Session_Betzder_2009 Foto
Session_Betzder_2009 Foto Session_Betzder_2009 Foto

Back to Session Page



contact Gast

last update: June 20th 2009